Psychesch Krankheeten nach ëmmer en Tabuthema zu Lëtzebuerg

An der EU huet och 1 Aarbechtsarrêt vun 10 mat Depressiounen ze dinn. An awer gëtt zu Lëtzebuerg net oppe genuch iwwer psychesch Krankheete geschwat.
Psychesch Krankheete sinn zwar keen Tabuthema méi an eiser Gesellschaft, an awer ginn déi concernéiert Persounen oft stigmatiséiert. Zanter 1956 gëtt et dofir d'Ligue luxembourgeoise d'hygiène mental, déi d'lescht Woch hire 60. Gebuertsdag geféiert huet. D'Missioun vun der Ligue ass et den psychesch kranke Leit an hirem Ëmfeld ze hëllefen an och d'Gesellschaft méi fir psychesch Krankheeten ze sensibiliséieren.
Statistesch gesi riskéiert 1 vu 4 Persounen am Laf vun hirem Liewen eng Depressioun oder eng Trouble d'humeur ze entwéckelen. An der EU huet och 1 Aarbechtsarrêt vun 10 mat Depressiounen ze dinn. An awer gëtt zu Lëtzebuerg net oppe genuch iwwer psychesch Krankheete geschwat an déi Concernéiert gi stigmatiséiert, erklärt den Vincent Navet, Chargé de Direction bei der Ligue.
Wat d'Psychiatrie ugeet, gouf et bis Enn 90er Joeren zum Beispill just ee Spidol, dat war den CHNP Ettelbréck. Fréier gouf et och d'Geckenhaus genannt an haut heescht et nach ëmmer "do sinn déi Mëll". Do ginn awer Leit mat Depressioune oder Krankheeten wéi Schizophrenie behandelt. Dofir ass ee vun den wichtegste Voleten, ëm déi sech d'Ligue këmmert Sensibilisatioun an Informatioun. Eng psychesch Krankheet ass eng Krankheet wéi eng aner och.
Bei der Ligue schaffe ronn 70 Leit dorënner Psychologen, Educateuren, Infirmiere, Pedagogen an Ergo-Therapeuten. Nieft der Sensibilisatioun gëtt et awer och nach een zweete Volet, dee fir d'Ligue ganz wichteg ass, betount den Vincent Navet, an dat ass d'Prise en charge. D'Leit solle sou einfach wéi méiglech kënne Soinen ugebuede kréien, opgedeelt a verschidde Beräicher wéi Dagesstrukturen, Berodungsplazen an de Service Logement, respektiv betreit Wunnen.
D'Ligue luxembourgeoise de l'hygiène mentale betreit an der Moyenne am Wunnberäich tëscht 100 an 105 Leit de Mount. An den Dagesstrukture gi pro Joer bis 167 verschidde Patiente betreit. D'Zil ass et fir d'Sozialisatioun ze förderen an nees eng Struktur an der Woch ze kréien.
An den leschte Joeren huet d'Ligue sech och intensiv mat der Preventioun vu Suicide befaasst. Och do misst een d'Gesellschaft sensibiliséieren an informéieren.