Den Dan Kersch bleift, trotz de Reprochen optimistesch, datt Regierung an CGFP sech an de Verhandlungen iwwert den neie Gehälteraccord nach eens ginn.

"Unilateral Decisiounen", "Keen Dialog an keng Transparenz", "e Vertragsbroch", e schläichende Sozialofbau an eng Spuerpolitik op Käschten vun den nächsten Generatiounen. Dat waren nëmmen e puer vun de Reprochen, déi de Generalsekretär Romain Wolff en Donneschdeg viru méi wéi 1.000 Memberen op enger Protestmanifestatioun zu Dummeldeng genannt huet.

VIDEO: Manif CGFP
"Zesumme géint weidere Sozialofbau am ëffentlechen Déngscht", den Appell vun der Staatsbeamtegewerkschaft en Donneschden den Owend.

D'Regierung géif sech ëmmer méi wéi ee Patronatsvertrieder behuelen. An d'Bëtschel wier elo fett, sot de Romain Wolff. Ëmmer nees hätten d'Staatsbeamten an de leschte Joeren hire Kapp duergehalen an awer hiren Déngscht um Bierger erfëllt. Trotzdem wier Sozialofbau um Bockel vun der Fonction Publique bedriwwe ginn.

AUDIO: De Romain Wolff

De Ball léich elo nees bei der Regierung. Sollt déi awer net reagéieren, misst een mat weidere gewerkschaftlechen Konsequenzen rechnen, esou de Romain Wolff.

RTL

© Eric Hamus

AUDIO: CGFP / De Reportage vum Eric Hamus

De Ressortminister Dan Kersch bleift, trotz de Reproche vun en Donneschdeg den Owend optimistesch, datt Regierung an CGFP sech an de Verhandlungen iwwert den neie Gehälteraccord awer nach kënnen eens ginn. Et dierft een net vergiessen, datt d'Staatsbeamten zejoert eng Punktwäerterhéijung vun 2,2% an eng Prime vun 0,9% kruten a verschidde Carrièren opgewäert goufen. Donieft géif och d'Steierreform de Mataarbechter an der Fonction publique ze gutt kommen. Positiv Elementer déi en Donneschdeg vergiess goufen.

E Méindeg fänken also  d'Verhandlungen fir den neien Gehälteraccord un. Wéi schonn en Donneschdeg op RTL Radio Lëtzebuerg, huet den Dan Kersch och e Freideg de Moien nach eemol drop higewisen, dass hien net onbedéngt wëll, dass et eng Nullronn gëtt.