Halskette geklaut
Onéierlechen hat no engem Glas Waasser gefrot

Zu Käerjeng hat en Onéierlechen eng Persoun ausgetrickst, konnt dem Affer d'Kette vum Hals klauen a sech ewech maachen.
D'Affer war owes am Gaang am Virgäertchen ze schaffen, wéi e Mann no engem Glas Waasser gefrot huet. Fir Merci ze soen, wollt de Mann hir eng Halskette schenken an huet hir se ëm den Hals geluecht. Dobäi huet den Onéierlechen d'Geleeënheet genotzt, fir dem Affer déi gëlle Ketten onbemierkt vum Hals lass ze maachen.
De Brigang huet sech duerno an Direktioun Rondpoint Biff ewech gemaach, ass do an een Auto geklommen a fort gefuer.
Am meeschte gelies