Reformen net realistesch, Leit um Terrain benodeelegt

© Annick Goerens / RTL Radio Lëtzebuerg
De Syndikat vun der Force Publique, dozou gehéieren d'Arméi an d'Police, ass guer net zefridden.
Vill Onzefriddenheet war en Dënschden den Owend um Delegéierte-Rot, also enger Zort Assemblée Générale vun der SPFP eraus ze héieren. D'Gewerkschaft vun der Force Publique, dozou gehéieren d'Police an d'Arméi, bedaueren nämlech dass d'Reforme bannent hiren Institutiounen dacks d'Leit um Terrain benodeelegen. An dofir wär et elo déck Zäit nees mat béide Féiss zeréck op de Buedem ze kommen.
Dat war op alle Fall den Message, souwuel vun der Police wéi vun der Arméi, un hiren zoustännege Minister den Etienne Schneider. Et géing immens Drock gemaach gi fir d'Restrukturatioune bannent der Arméi séier ëmzesetzen, ma dat wär schwiereg, wann ee mol net wéisst wou a wéi ee mëttelfristeg soll agesat ginn, erkläert de Christian Schleck, Vizepresident vun der Gewerkschaft. Et misst een agesinn, datt ee just e Batailloun wär. Et wär een zu 800 bis 900 Leit a keng riseg Arméi, och wa muench Cheffe sech dat am Léifsten esou géife virstellen. Et wär jo schéin, datt de Budget vun der Defense vun 0.4 op 0.7 gehuewe gi wär, datt ee Satellitten an d'Luucht schéisst, Fligeren an Drone keeft, mä wéi géif een deene Leit dat erklären, deenen et un Allem géif feelen?
Donieft wär et immens schwéier fir nei Leit ze rekrutéieren. D'Attraktivitéit vun der Arméi géing ëmmer weider ofhuelen. De Service Santé wär chronesch ënnerbesat a bei den Zaldote wär et inakzeptabel an net ze verstoen, datt hir Waffen, hir Panzerwesten, hir Nuetschiichtgeräter an de Recht vum Material den Ament an engem desolaten Zoustand wär, respektiv datt emol net genuch Material do wär, sou de Christian Schleck weider.
Och bei der Police wär d'Situatioun kee Fatz besser, erkläert de President vun der Gewerkschaft Pascal Riquier. Ugefaange mat engem Appell un d'Regierung: Soll ee sech un d'Reform vum Staatsbeamtestatut halen oder un dat aktuellt Policegesetz? Déi zwee Gesetzer wären op eng äusserst onglécklech Manéier vermëscht ginn an zënter deem hätt ee massiv Problemer mat der Personalpolitik an der Police.
Déi juristesch Autoritéite géinge sech iwwerdeems ze vill an de Fonctionnement bei der Police amëschen. Dat géing géint d'Gewaltentrennung verstoussen. Donieft dann och ëmmer nees d'Fuerderung vun der Police de "Platzverweis" endlech anzeféieren.
Wéi den Här Minister Braz gesot hat, hätt d'Police e Moyen fir Leit ewech ze huelen. Dat wär awer eng Method, bei där d'Leit ewech gespaart géife ginn an a ville Fäll wär dat guer net néideg. De Problem kéint een op eng administrativ Manéier mat engem sougenannte Platzverweis regelen.
Vill Onzefriddenheet vun der Police- an Arméi-Gewerkschaft un d'Adresse vun der Regierung. An eng weider Fuerderung: nämlech d'Zesummenaarbecht vu béide Corpse, déi haut scho gutt géing fonctionnéieren- an Zukunft onbedéngt nach weider auszebauen.
D’Lëtzebuerger Justiz kommentéiert déi Aussoen net.
De Procureur Général, Martine Solovieff, ënnersträicht, datt d’Vertrieder vun der Justiz an engem konstruktiven Dialog mat der Direktioun vun der Police stinn an datt d’Relatiounen, déi tëscht béiden Säite bestinn, gutt an transparent sinn.