
Dat geet aus dem Panorama social vun der Chambre des Salariés ervir. Dësen Taux baséiert op Donnéeë vum Joer 2020, deemno präziséiert d’Presidentin vun der CSL, d’Nora Back, dass déi aktuell Hausse vun de Präisser d’Problemer nach méi dierft verstäerken.
Den Aarmutsrisiko ass besonnesch grouss fir Stéit mat dräi oder méi Kanner, esou wéi och fir elengerzéiend Persounen. Am Verglach mat den aneren EU-Länner schneit Lëtzebuerg hei schlecht of. De Risiko, fir an d’Aarmut ze falen, wier hei deemno méi grouss wéi an anere Länner.
Ee Grond dofir wier sécherlech de Logement. D’Salairë si net am nämmlechte Mooss geklommen, wéi d’Präisser um Logementsmarché, dat souwuel an der Vente, wéi an der Locatioun.
Wat d’Kreatioun vun Aarbechtsplazen ugeet, sou ass Lëtzebuerg no Irland op zweeter Plaz. Beim Chômage läit Lëtzebuerg mat 5,6 Prozent vun de Leit tëscht 15 an 64 Joer, déi keng Aarbecht hunn, am EU-Verglach am ënneschten Drëttel. Kuckt een awer nëmmen déi jonk Populatioun tëscht 15 a 24 Joer, esou läit de Chômagetaux bei dësem Grupp dräimol esou héich, wéi deen an der ganzer aktiver Populatioun.
Et wier kee ganz rosege Bilan, dee sech am Panorama social weist, esou d’Nora Back, Presidentin vun der CSL.
Suerge géing och d’Baisse vun der Qualitéit vun den Aarbechtsplaze maachen. Och wann de globalen Indice “Quality of work” par Rapport zu 2020 eropgeet, wier e mat 53,9 vun 100 Punkten nach ëmmer niddreg.
