
Wéi d’Police mellt, war een oder e puer Abriecher zu Esch-Uelzecht an der Rue de Belvaux an e Buttek agebrach. Éischten Informatiounen no soll ee Laptop geklaut gi sinn, éier d’Täter geflücht sinn.
An der selwechter Nuecht war iwwerdeem zu Schuller an der Rue Charly Gaul agebrach ginn. Hei war den Täter éischten Erkenntnisser no duerch d’Telecommande vun der Garage, déi am Auto louch, deen net zougespaart war, an d’Haus komm. Banne gouf den Abriecher zwar vum Awunner iwwerrascht, ma konnt awer ënnert anerem eng Posch an e Laptop bei senger Flucht mathuelen.
A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz. Ermëttlunge gouf lancéiert.