UewerkäerjengAccident tëscht Auto a Camion, Fra liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 16.15 Auer koum et an der Rue Bommel zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto.
© CIS Dippech / Facebook

Wéi d'Police e Samschdeg de Moie mellt, hat d'Automobilistin de Camion wuel net gesinn, wéi si lénks an d'Avenue de Luxembourg wollt ofbéien. D'Gefier krut den Auto op der Chaufferssäit ze paken, deen doropshin widder e Bam geschleidert gouf.

D'Fra am Auto gouf liewensgeféierlech blesséiert an huet missen aus hirem Auto befreit ginn.

Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Péiteng, Käerjeng, dem SaDiff, Dippech, de Samu vun Esch an d'Police

© CIS Dippech / Facebook

Back to Top
CIM LOGO