
Den Accident war kuerz no 10 Auer a war virun 11 Auer nees geraumt.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad, grad ewéi 2 Ambulanzen.

Géint 10.30 Auer gouf et en Accident tëscht engem Auto an engem Moto an der Hollerecher Strooss. Hei gouf 1 Persoun liicht verwonnt.
Géint 8.30 Auer huet et tëscht 2 Autoe geknuppt an der rue de Hamm an der Stad. Heibäi goufen 2 Persoune liicht blesséiert.
Géint 7.30 Auer da gouf et schonn en Accident tëscht engem Auto an engem Moto um CR346 tëscht Klengburghaff a Schrondweiler. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Fiels waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vun Noumer.