
Eng weider Petitioun huet den néidege Seuil vun Ënnerschrëften erreecht. Knapp 5.900 Leit hu bannent den éischten 18 Deeg d’Petitioun ënnerschriwwen, déi méi Déiere-Protektioun fuerdert, andeems géint déi organiséiert Mendicitéit mat Béischte virgaange gëtt.
D’Petitioun leeft nach 24 Deeg a sämtlech Ënnerschrëfte mussen dono natierlech nach validéiert ginn.
De Petitionär erkläert a senger Motivatioun, dass hien net déi einfach Sans-abrie géif viséieren, déi en Hond besëtzen, mä exklusiv déi kriminell Reseauen, déi heeschen, andeems se en Déier benotzen, meeschtens Hënn, awer och aner Béischte wéi Huesen.
Trotz ville Signalementer géife konkret Interventiounen dogéint rar bleiwen.
De legislative Kader sollt esou geännert ginn, dass och d’Déierewuel am Kontext vum organiséierten Heesche verbessert gëtt. De Petitionär proposéiert dofir e konstruktiven Dialog, deen an deem Sënn sollt lancéiert ginn.