
Nieft de lokale Secouriste waren och de Samus-Noutdokter an d’Leit vum Support psychologique beim déidlechen Accident op der Plaz.
Schonn am Feierowendtrafic, e Méindeg den Owend, war de Samu zu Sandweiler gefuerdert, wéi e Moto an en Auto sech ze pake kruten.
Kuerz no 18 Auer sinn zu Péiteng zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Um Dënschdegmoie kuerz virun 8 Auer koum et dann op dräi ënnerschiddleche Plazen zu Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten:
Op der A3 um Beetebuerger Kräiz war e Moto géint en Auto gerannt, um Stater Boulevard Grande-Duchesse Charlotte krute sech 2 Autoen ze paken.
Tëscht Duelem an Haassel louch en Auto op der Kopp.