CGDISAdventskranz fänkt Feier, zwee Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 3 Tëschefäll um Samschdeg.
© AFP (Archiv)

E Samschdeg ware kuerz virun 12 Auer zu Mäertert 2 Cyclisten aneneegerannt, ee gouf dobäi blesséiert.

E Samschdeg an der Mëttegstonn hat zu Uewerkäerjeng een Daach gebrannt. Direkt e puer Pompjeescorpse waren am Asaz. Eng Persoun gouf beim Brand verwonnt.

A géint 15.30 Auer e Samschdeg hat um Belair an der Stad een Adventskranz Feier gefaangen. Hei waren 2 Blesséierter ze notéieren.

Back to Top
CIM LOGO