Esch-UelzechtAffer mat Messer menacéiert an Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Iwwerfall, bei deem d'Affer mat engem Messer menacéiert gi war, gouf zu Esch an am Garer Quartier an der Stad agebrach.

Wéi d’Police schreift, wieren d’Beamten e Freideg de Moie géint 7.15 Auer iwwer en Iwwerfall an der Avenue Victor Hugo informéiert ginn. D’Affer war vun zwee Täter mat engem Messer menacéiert ginn, ier si him den Handy geklaut hunn a fortgelaf sinn. D’Police huet Ermëttlunge lancéiert.

Abréch zu Esch an an der Stad

Um spéiden Donneschdegowend gouf dann nach an en Eefamilljenhaus op der Place Jean-Pierre Manternach zu Esch agebrach. D’Brigangen hunn dat ganzt Haus duerchsicht an dobäi Bijoue geklaut.

Am Garer Quartier gouf iwwerdeem an e Lokal an der Rue du Fort Wallis agebrach. Hei huet den Täter eng Partie Schief duerch gesicht, ier e flüchte konnt.

A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et goufen Enquêtë lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO