Denkt eng Minutt un Är perséinlech Elektronik. Nee, net de Computer, Tablet oder de Smartphone, deen Dir grad benotzt. Denkt un al DVD-Player, Telefonen, Tastaturen, Chargeuren, Telecommanden, Spillkonsolen a vläicht nach al MP3-Playeren, déi an den däischtersten Ecke vun Ärem Kleederschaf begruewe leien oder an der oniwwersiichtlecher Déift vun Ären Tiräng schlummeren. Hei kënnt gären e bëssen eppes zesummen, richteg?
Dës kleng Apparater kéinte gespent, gefléckt oder och recycléiert ginn. An der Theorie kënnen hir Komponenten an nei Produiten agebaut ginn. Sou muncheree weess dat och an awer klëmmt d’Quantitéit vum sougenannten “E-Waste”. Vill elektronesch Produite gi gesammelt: se sinn al, deels futti. “Et si jo just puer Geräter” denkt sou muncheree sech. Ma et ass net esou en harmlosen Tick, soen Experten. De Problem: et geschitt a grousse Quantitéiten an dat och zu Lëtzebuerg, esou d’Nadine Bertrand, Expertin fir elektresch an elektronesch Offäll bei der Ëmweltverwaltung: “Mir hu mat eiser rezenter Ëmfro gemierkt, datt 7 vun 10 Leit al elektresch Apparater doheem halen. Een Drëttel vun de Leit hu souguer méi ewéi zéng Apparater doheem, déi net méi benotzt ginn. Esou impaktlos ass dat net.”
E Beispill: Op der ganzer Welt gi Berechnunge vum belsche “WEEE Forum” no dëst Joer eleng 5,3 Milliarden Handyen net méi benotzt respektiv ersat. Ginn déi platt een op deen anere geluecht, dann hätt ee mat deem Koup en Aachtel vun der Distanz tëscht der Äerd an dem Mound zeréckgeluecht.
“Wann een nei Apparater keeft, gi jo och Ressource gebraucht, fir dës ze produzéieren. Et si wäertvoll Ressourcen an dësen Apparater dran. Déi kommen dacks och aus Länner an deenen d’Aarbechts- an d’Ëmweltkonditiounen net déi nämmlecht si wéi bei eis”, erkläert d’Nadine Bertrand.
Fir vill Leit sinn déi betraffen Apparater net direkt Offall, se funktionéiere jo nach. Dofir bleiwe se gäre méi laang do leien ewéi ee se effektiv géif gebrauchen. Enger neier Ëmfro vum Environnement no hätten d’Leit dacks och d’Plaz, fir dës Apparater ze stockéieren. Dofir géifen dës och emol vergiess ginn. En anere Punkt bleift de sentimentale Wäert. Dacks wéissten d’Leit och net, wou se mat dësen Apparater sollen higoen, geet aus der Ëmfro ervir.
“Mir hunn haut awer vill Méiglechkeeten, fir dës ze entsuergen. Mir hunn eis Ressource-Zentren, mir hunn déi mobil Sammlunge vun der Superdreckskëscht. Mir och d’Supermarchéen an d’Verkeefer vun dëse Produite spillen eng wichteg Roll. Dës mussen al Apparater fir de Recycling zeréckhuelen. Dat wëssen déi meescht awer net an dat ass e Problem.”
An enger besser Welt géifen dës Apparater oder hir Stécker en zweet Liewe kréien. Mee an der Realitéit landen déi meescht an der schwaarzer Poubelle oder verstëbsen am Tirang.
Eng rezent Etüd aus sechs europäesche Länner weist, datt ronn 17%, also all sechsten elektroneschen Apparat am Haushalt net méi benotzt gëtt. Dat geet vum Fön iwwer Gadgeten an der Kichen oder Laptoppe bis eriwwer bei de GPS fir an den Auto. D’Ëmfro weist, datt bal 30 Prozent vun den Handyen an engem Haushalt net benotzt ginn. An 20% vun de Stéit stinn iwwerdeems méi Televisioun ewéi am Alldag gebrauch ginn.
Ma och d’Firme maache sech schëlleg, well se “hir Produkter op eng Manéier produzéieren, datt se eebe ganz séier zum Offall ginn”, esou d’Nadine Bertrand. “Mir hunn Hiersteller, déi gi sech wierklech drun, fir datt hir Apparater méi reparabel sinn a se sech och méi laang halen. Bei aneren Hiersteller kann ee bei verschiddene Produite mol net selwer d’Batterie raushuelen.”
De globale Verbrauch vun elektroneschen Apparater wiisst ëm ongeféier 4% d’Joer. D’Konsequenz: den elektroneschen Offall wiisst mat. Dem leschten E-Offall-Bericht vun der UNITAR no goufen 2019 nëmme 17,4% vun de weltwäite 50 Milliarde Kilogramm un E-Offall richteg gesammelt a recycléiert. Europa huet déi héchste Quot, wat d’Sammelen an d’Nei-Verwäerte vun E-Offall ugeet. Dës läit bei 43%. “Et gi legal Obligatiounen”, esou den Andy Maxant, Direkter vun der Ecotrel, ee vum Staat zougeloossenen Organismus, dee sech drëms këmmeren, datt elektronesch Geräter konform ob Lëtzebuerg kommen, awer och konform entsuergt ginn. “Beim klengen Elektroschrott muss 55% vum Produit recycléiert ginn. Zu Lëtzebuerg erreeche mer en Taux vu 85%.” D’USA a Südamerika kommen am Verglach op ënner 10%.