Lëtzebuerger Arméi warntAl Munitioun, eng onsiichtbar Gefor

Pierre Weimerskirch
Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer nees al Munitioun an Iwwerreschter vu Krichsmaterial fonnt. D'Lëtzebuerger Arméi mécht elo op Facebook op dës Gefor opmierksam a gëtt kloer Recommandatiounen, wéi ee sech an esou Situatioune richteg verhält.
© Tenkes Mike/Armée luxembourgeoise

Och Joerzéngten nom Zweete Weltkrich ginn zu Lëtzebuerg nach ëmmer al Explosiounskierper entdeckt. Dës kënnen am Buedem verstoppt sinn an zum Beispill bei Bauaarbechten, Spadséiergäng oder landwirtschaftlechen Aktivitéite fonnt ginn.

D’Lëtzebuerger Arméi warnt elo, datt vill Leit d’Gefor, déi dovun ausgeet, ënnerschätzen. Och wann d’Objete staark verrascht sinn oder harmlos ausgesinn, kënne si nach ëmmer explodéieren an eescht Blessure verursaachen.

Eng kloer Reegel: Net upaken

D’Arméi warnt, datt esou Munitioun ënner kengen Ëmstänn däerf ugepaakt, verréckelt oder opgemaach ginn. All Manipulatioun géif e Risiko vun enger Explosioun mat sech bréngen.

Wann een op verdächtegt Krichsmaterial stéisst, soll een:

  • roueg bleiwen an Ofstand halen
  • den Objet op kee Fall upaken oder beweegen
  • direkt d’Police um 113 oder de Service de Déminage vun der Arméi um 247-57940 kontaktéieren

Wann eppes gemellt gëtt, kommen d’Spezialisten op d’Plaz, fir d’Munitioun sécher a kontrolléiert ze zerstéieren.

Back to Top
CIM LOGO