
An der Proporzgemeng ännert sech deemno net ganz vill. Déi 8 Leit vun der Biergerlëscht sinn an der Majoritéit. Déi 3 CSV-Politiker vun der Oppener Lëscht Ëlwen ginn an d’Oppositioun. De Schäfferot ännert sech just, well den Norbert Breuskin net méi matgaangen ass. Dee gëtt ersat vum Carlo Schroeder.