Den neie Wunnprojet “Metzeschmelz” geet an déi nächste Phas, wéi et vun offizieller Säit heescht. D’Firma hannert dem neie Quartier huet annoncéiert, datt d’Aarbechten um Gebai vum alen Elektrouewen am Februar ufänken a bis Juni undauere kéinten.
Dat betreffend Gebai gëtt deemno ofgerappt a well dëst ronn 50 Meter héich ass an “deck Bëtongsplacken” huet, kéint et duerfir iwwer déi nächste Méint ëmmer nees zu Kaméidi an och Stëbsentwécklunge kommen.
Um fréieren Industriesite tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng soll iwwert déi nächst Joren den neie Wunnquartier “Metzeschmelz” entstoen. D’Gebitt wäert duerfir komplett transforméiert ginn, an duerch “nei Approchen an de Beräicher Mobilitéit an Energieeffizienz” versprécht sech d’Firma hannert dem Projet e bis dato “eenzegaartegt” Wunngebitt.
Nodeems d’Awunner aus den Nopeschgemenge mat abezu goufen, gesinn d’Pläng deemno vir, datt den Alldag gréisstendeels ouni Auto kann organiséiert ginn, dat duerch sougenannte “Mobility Hubs” – also Mobilitéitszenteren – déi sech ronderëm den Terrain befannen. Sou wëll een d’Belaaschtung erofsetzen an d’Ubannung un den ëffentlechen Transport an de Vierdergrond setzen, dat och mat Ausbléck op de séieren Tram, deen d’Stad Lëtzebuerg bis 2035 mam Süde soll verbannen.
A Kombinatioun mat erneierbaren Energien, der Notzung vum Ofwaasser an Uleeë vun engem “urbane Bësch” wëll een domadder Nohaltegkeet grouss schreiwen.
Wéi bei sou ville moderne Wunnprojeten ass och bei der Metzeschmelz virgesinn, datt sech d’Liewe vun den Awunner zu engem groussen Deel um Terrain selwer ofspille kann. Geplangt sinn duerfir net nëmme Geschäfter, Sport- a Fräizäitméiglechkeeten, mee och Grondschoulen a Lycéeën, souwéi Crèchen a Maison-relaisen.
Trotz all dëse Verännerunge soll der Geschicht vum Site Rechnung gedroe ginn. D’Firma hannert dem Projet betount deemno, datt “prägend Elementer” vum fréiere Stolwierk sollen erhale bleiwen, fir dass de “Kontrast tëscht Vergaangenheet an Zukunft Deel vum Alldag” gëtt.
Eng 10.000 Leit solle spéider kënnen am Quartier Metzeschmelz liewen.