
Wou loung de Problem a wéi gëtt sech opgestallt, datt esou eppes net méi virkënnt? Ënnert anerem déi Froen hunn d’Deputéiert an der Chamber gestallt.
Et misst ee méi resilient ginn, dat gouf wuel en Donneschdeg de Moie vun den Experte vu LuxTrust gesot, ma wéi dat tatsächlech sollt ëmgesat ginn, ass fir de Ben Polidori vun der LSAP awer nach net kloer.
“Well mer einfach just gesot kréien, et kënnt net méi vir, mir bauen dat elo, mir bauen dat elo ëm. Sou, ob dat elo duergeet fir d’Leit dobaussen, wann et muer nach eng Kéier sollt virkommen, musse mer kucken. Mee et ass awer elo mol wichteg, dass mer, wéi gesot, haut de Point gemaach hunn, dass mer och einfach politesch einfach diskutéiert hunn, dass mer dee Fokus op déi Wichtegkeet vum Sujet awer haut nach eng Kéier prioriséiert hunn.”
Fir d’Diane Adehm vun der CSV ass net nozevollzéien, datt LuxTrust als eenzeg Signature électronique am Land vum HCPN net als systemrelevant ugesi gëtt.
“Si soen eis, wa si do géifen en alternative System opbauen, dat géif extreem vill kaschten an esou weider, ech kann dat alles novollzéien. A wann d’Regierung de Choix trëfft, dass mer just op engem System fonctionéiere sollen, dann ass dat der Regierung hir Decisioun. Mee da muss d’Regierung dofir suergen, dass dee System fonctionéiert. An duerfir ass et fir mech essentiel, dass dat als System relevant beim HCPN ass.”
Alternativsystemer wieren ugeschwat ginn an der Kommissioun, seet och den Tom Weidig vun der ADR.
“Ech mengen et gëtt elo ëmmer nei Technologien, déi elo kommen, och eng EU-Direktiv fir Identifikatioune vu Persounen, dat heescht, ech mengen, datt do an deenen nächste 15 Joer ganz vill passéiere wäert an ech mengen, datt déi Monopolstellung sech net méi hale wäert.”
De Wirtschaftsminister Lex Delles seet, et wier net un him ze soen, ob eng aner Entreprise sech zu Lëtzebuerg néier léisst oder net.
“Mir hunn awer gekuckt, wat de Punkt ass, wéi et och an Zukunft wäert weidergoen, zum Beispill mam E-Wallet, wou d’Betriber wäerten aner Accèsen och hunn, wou souwisou wäerten aner Acteuren och op de Marché kommen, fir déi Servicer do unzebidden.”
D’Diane Adehm huet iwwerdeems kritiséiert, datt LuxTrust an der Kommissioun sot, d’Pann hätt si näischt kascht. D’CSV-Deputéiert huet awer betount, datt den Dag vun der Pann d’ganzt Land praktesch net funktionéiert huet an et d’Patrone vill kascht hätt.