
Et muss ee kucken, esou vill Aarbechtsplaze wéi méiglech ze erhalen! Dat sot de Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d’Restrukturatioun bei ArcelorMittal an de méiglechen Ofbau vun Aarbechtsplazen. Dofir géif et dem DP-Minister no elo och d’Tripartite ginn tëscht Gewerkschaften, der Direktioun vun ArcelorMittal an de Ministèren ginn:
“Fir den Accord LUX20XX, zwar bis elo LUX 2025, deen ausgelaf ass, weider opzeschaffen: Éischtens, wat sinn d’ Investissementer? Zweetens, wéi geet et weider a wéi eng
Repercussioun huet dat op den Emploi am Betrib? Drëttens, wat ass de Volet vun den Investissementer vum Staat, fir ze kucken, d’Aktivitéit hei zu Lëtzebuerg ze halen?”
Et wier geféierlech, elo politesch an déi Diskussiounen anzegräifen, sot de Lex Delles nach.