Vun hollännescher Police gestalltZwou Festname wéinst Déifställ vu Luxusaueren a Fitnesszenteren zu Bartreng a Jonglënster

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt si a Kooperatioun mat den hollänneschen Autoritéiten zwee presuméiert Täter festgeholl hunn, déi am Zesummenhang mat Déifställ vu Luxusaueren a Fitnesszenteren zu Bartreng a Jonglënster stinn.
© Laurent Weber

Wéi d’Police schreift, wieren den 19. Januar dëst Joer an zwee Fitnesszenteren zu Bartreng a Jonglënster Luxusauere geklaut ginn. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt d’Sectioun fir Schwéierverbrieche vun der Police judiciaire den Auto identifizéieren, deen déi zwee benotzt hunn. An Zesummenaarbecht mat der hollännescher Police konnt den Auto zu Amsterdam lokaliséiert ginn.

Déi hollännesch Autoritéite konnten dann och déi zwee Verdächteg fannen a festhuelen. Eng vun de geklauten Auere gouf saiséiert an déi zwee Verdächteg goufen op Uerder vum hollännesche Parquet festgeholl. D’Ermëttlunge lafen nach.

Back to Top
CIM LOGO