
A Clausen war eng Automobilistin de Beamten opgefall, well se mat vill ze héijer Vitesse aus engem Parkhaus erausgefuer koum an den Trottoir ze pake krut. D’Fra ass dono dunn och nach an e geparkten Auto gerannt. Trotzdeem ass si net stoe bliwwen. Ufanks och net wou d’Police bis d’Luuchten an d’Sireenen unhat. Wéi d’Beamten d’Fra schlussendlech ugehale kruten, huet den Alkoholtest bewisen, datt se ze vill gedronk hat. D’Automobilistin huet hire Führerschäin missen ofginn.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et nach e weidere Virfall a Clausen. An der Montée de Clausen war e Chauffer mat ze héijer Vitess ënnerwee. Wéi d’Beamten d’Gefier gestoppt hunn, huet de Chauffer Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. En Alkoholtest gouf gemaach. Dëse war positiv an de Chauffer ass säi Permis lass.
Zu Zéisseng war et op engem Parking zu engem Accident komm. Ee vun de Chauffere war vun der Plaz geflücht. D’Police huet de flüchtegen Auto kuerz drop fonnt. Den Alkoholtest bei der Fra hannert dem Steier war positiv an de Permis gouf agezunn.
Géint 20.30 Auer war op der A4 Héicht Leideleng een Auto am Zickzack ënnerwee. Dëse war och nach bal an d’Leitplanke gerannt. D’Police huet de Chauffer gestoppt. Och hei war ze vill Alkohol am Spill an de Fürerschäin ass fort.
Quasi déi nämmlecht Zäit krut d’Police e warscheinlech alkoholiséierte Chauffer zu Mamer gemellt. Op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz konnt de Chauffer vun der Police lokaliséiert ginn. D’Persoun hannert dem Steierrad huet awer net op d’Zeeche vun der Police reagéiert, fir stoen ze bleiwen, an ass einfach weider gefuer. Eréischt op der Héicht vun der Sortie Beetebuerg (A3) konnt hie gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an den Automobilist huet de Permis missen ofginn.