
Géint 6 Auer en Donneschdegmoien si Beamte vun der Police an der Rue de l’Eglise zu Péiteng op e Gefier opmierksam ginn, dat deelweis um Trottoir stoung an dobäi seng Luuchten nach un hat. Wéi d’Beamten doropshi bei d’Gefier gaange sinn, ass hinnen opgefall, dass de Motor nach gelaf ass. De Chauffer souz och nach am Gefier, hie war nämlech hannert dem Steier ageschlof. Hien huet däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum ugewisen an den Alkoholtest war deementspriechend positiv. De Mann krut eng Convocatioun fir op de Policebüro ausgehännegt.
Scho kuerz no 2.30 Auer e Mëttwochmoie war enger Patrull vun der Police e Gefier opgefall, dat op der Pannespuer op der A4 stoung. Dat, well et kee Bensinn méi am Tank hat. Och hei huet sech de Verdacht, dass de Chauffer alkoholiséiert war, duerch en Test confirméiert. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.