Circulaire vum Finanzministère"All Euro muss de reelle Besoinen no justifiéiert sinn"

Céline Eischen
De Walslogan vun der CSV vu méi Netto vum Brutto kascht d'Regierung vill Geld. Ma net just d'Steierreform schléit op de Budget, och Investitiounen, geopolitesch Instabilitéit an eng Ekonomie, déi manner séier wiisst wéi erwaart, suergen dofir, datt méi raus geet wéi era kënnt.
De Finanzministère
© RTL Lëtzebuerg

Elo soll méi gespuert ginn: Dat ass op d’mannst de Message vun engem Schreiwes vum Finanzministère un déi verschidde staatlech Departementer a Ministèren. An der Finanzkommissioun e Méindeg ass sech dann och iwwer eng nei Budgetsprozedur ausgetosch ginn.

Circulaire vum Finanzministère / Reportage: Céline Eischen

En Échange de vues stoung do an der Finanzkommissioun um Ordre du Jour: D’Budgetsprozedur soll reforméiert ginn. Et wéilt ee méi kloer an transparent Strukturen, esou den CSV-Finanzminister Gilles Roth:

“Et wäert d’Aufgab vun dësem Finanzminister sinn, fir um Enn vun der Legislaturperiod eng Rei vu Changementer an der Budgetsprozedur, awer och an der Budget-Presentatioun virzeleeën, déi dann an enger nächster Legislatur sech applizéieren.”

Ännerunge sinn zum Beispill, datt am Budget méi no Objektiver géif gekuckt ginn. Och Suen, déi a Fonge stiechen, solle besser kontrolléiert ginn.

D’Budgetspolitik ass dann och an de Ministèren Thema: Ugangs Februar ass nämlech ee Circulaire vum Finanzministère un déi verschidden Departementer gaangen. Am Schreiwes, dat RTL virläit, gëtt ënnert anerem ee méi strengt Anhale vun den Ausgabe gefuerdert, Rekrutementer sollen op ee Minimum reduzéiert ginn. Weider heescht et, datt all Euro, deen ausgi gëtt, de reelle Besoinen no muss justifiéiert sinn. Et wier also un der Zäit, fir ze spueren. Dem DP-Deputéierten André Bauler no géif et duerchaus Sënn maachen, d’Ausgaben ze iwwerkucken:

“Ech mengen, wann een de Budget opstellt, muss ee sech ëmmer d’Fro stellen, wéi effikass sinn eis Ausgaben, wat wëlle mer mat deenen do Ausgaben erreechen an et muss een natierlech och ëmmer all d’Depensen hannerfroen, ob se och d’Zil erreechen an ob se och esou wierksam sinn, wéi een dat gären hätt. An dat ass mengen ech näischt Anormales, dat misst eigentlech ëmmer e klassesche Reflex sinn, wann een de Budget opstellt, soudass ech doranner net méi wëll interpretéieren, wéi ee gesond Handelen en bon père de famille, wéi dat esou schéin heescht.”

Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot wier et keng Iwwerraschung, datt misst gespuert ginn, ma et misst ee virsiichteg sinn:

“Ech ka mer virstellen, dass do nach aner Saachen dobäi kommen, et ass just ëmmer d’Fro dann, wat ass da keng Prioritéit méi, wat ass nach eng, wou gëtt gespuert, an dat mécht mir e bësse Suergen, well ech fäerten, dass dat e bëssen eng Preparatioun ass fir een Austeritéitscours fir d’Land, dass et dann iergendwann eng Kéier och un d’Sozialmesurë geet.”

Ënnert anerem steet am Dokument och, datt d’Ausgaben net ëm méi wéi 4,5% am Joer dierfte klammen. Dëst wier eng Maximal-Grenz: Dat heescht, wa Saache méi deier wieren, wéi geplangt, da misst op anere Plaze kompenséiert a gespuert ginn. Fir d’Sam Tanson vun déi Gréng wier dat eng potenziell Gefor:

“Wat eis natierlech do Suerge mécht, dat ass, dass an der Circulaire dra steet, dass och dat, wat am Klimaplang alles scho fixéiert ass, vu Saachen, déi musse gemaach ginn, fir dass mer eis Ziler erreechen, dass déi eigentlech net als Acquis gëllen, dat heescht, dass se och kënnen a Fro gestallt ginn, wann dann d’budgetär Depensë fir d’Defense oder fir zousätzlech Steierreformen, wann déi dann zum Beispill géifen doriwwer erausgoen.”

De Finanzminister Gilles Roth huet ënnerstrach, datt ee bestëmmte Mesuren net géif a Fro stellen:

“Ech hunn net gelies, dass Saachen a Fro gestallt ginn. Mee et muss ee kucken, wat fir eng Saachen zu wéi engem Zäitpunkt kënne gemaach ginn. Dat zielt fir Investissementer, déi gemaach ginn. Dat zielt och fir déi néideg Investissementer am Klima - an Energieberäich. Mee ech hunn néierens gelies - an dat steet och net an der Circulaire - dass Saache géifen a Fro gestallt ginn.”

De Gilles Roth preziséiert dann och, datt een iwwer déi lescht zwee Joer d’Engagementer vu viregte Regierungen, besonnesch am Ëmweltberäich, och net a Fro gestallt hätt.

Back to Top
CIM LOGO