
“All Geleeënheet, fir am Ukrainkrich ze negociéieren, muss genotzt ginn.” Dat seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am Podcast “Acht Milliarden” vum däitsche Spiegel.
Aktuell wär et schwéier, un eng diplomatesch Léisung ze gleewen, well ee sech net bekrichen a gläichzäiteg verhandele kéint, esou de Jean Asselborn. Ma wann eng Fënster géif opgoen, misst d’Europäesch Unioun bereet sinn, der UNO ze hëllefen, fir an d’Gespréich mat Russland ze kommen.