
E Sonndeg den Owend huet et géint 19.45 Auer zu Kielen an der Keespelter Strooss gerabbelt. Een Auto war hei bäigaangen an eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Kielen an eng Ambulanz vu Mamer.
Dräi Stonne méi spéit ass op der Réimecher Strooss zu Ierseng en Automobilist mat sengem Gefier accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d’Pompjeeë vu Mutfert an d’Ambulanz vu Réimech gekëmmert hunn.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf zu Stroossen an der Kapellestrooss eng Dampentécklung an engem Haus gemellt. D’Pompjeeë vu Bartreng, Mamer an aus der Stad sinn op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer. Hei gouf awer kee Mënsch verwonnt.