Invité vun der Redaktioun (23. Februar)Daniel Colling, operationellen Direkter bei der Luxair

Pierre Jans
E Méindeg de Moien ass déi national Fluggesellschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Nei Embraer-Fligere mat klengen technesche Problemer, e Rass an der Scheif vum Cockpit vun enger eelerer Boeing, eng Noutlandung an Demi-Touren... den Ufank vum Joer war d’Luxair vill an der Aktualitéit. Sinn et isoléiert Incidenten oder gëtt et e Muster? Nëmme Pech oder awer strukturell Problemer?

Dat froe mir den operationellen Direkter bei der Luxair, den Daniel Colling, de Moien. De Pilot ass eisen Invité vun der Redaktioun, wéi gewinnt kuerz no 8 Auer hei op der Antenn oder am Livestream op eisen digitale Plattformen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO