Nationalen Dag vun der ResistenzReagéieren an net nokucken

Jeannot Ries
Um Nationalen Dag vun der Resistenz gouf et e Sonndeg den Appell, net de "Bak ze halen", ma ze reagéieren, wann d'historesch Wourecht an d'Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn.

E Sonndeg op den Dag virun 80 Joer gouf de Permis d’exhumation ausgestallt, fir d’Lëtzebuerger Jonge vun Hinzert zeréck an d’Heemecht ze bréngen – dat op déi Platz um Nikloskierfecht, wou zanterhier d’Hinzerter Kräiz steet, wou zanter Joren elo allen Affer vu Kricher geduecht gëtt.

Gebiet gouf Haut fir Fridden, dat zu engem Ament, wou de Krich nees onsen Alldag markéiert a wou d’Wäerter vum friddlechen Zesummeliewen a Fro gestallt ginn. Wou och bannen der Europäescher Unioun extrem Haltunge villes a Fro stellen.

De Guy Dockendorf vum Comité pour la mémoire, huet dofir un eis all appelléiert: “Als Nofollger vun deenen, déi am Krich de Kapp higehalen hunn, an oft hiert eegent Liewe riskéiert hunn, fir géint den Nazi-Terror ze kämpfen, ass et weiderhin eis Pflicht, datt mir net de Bak halen, wann déi historesch Wouerecht, wann d’Deklaratioun vun de Mënscherechter vun 1948 ëmmer méi mat Féiss getrëppelt gëtt. Ëmmer méi Leit, an déi sougenannt Argumenter, déi vun der Zitat ‘Denazifikatioun’ a ‘Genozid’ schwätzen, fir déi russesch Attack géint d’Ukrain ze rechtfäerdegen, beweisen dat. Ëmmer méi Leit hunn net méi de Courage, fir sech der historescher Wourecht ze stellen.”

Och den Nazi-Terror wärend dem Zweete Weltkrich géif vun ëmmer méi Leit verharmloost ginn. Dofir wiere Manifestatioune wéi déi e Sonndeg liewenswichteg, dofir wier et wichteg, datt d’Erënnerung, grad och bei Jonken, héichgehale gëtt. Schüler aus dem Lycée Ermesinde vu Miersch hunn duerfir am Kader vun der Zeremonie och Texter virgelies.

“De Präis fir de Kampf géint de Faschismus am Land war héich, zirka 4.000 Resistenzler goufe verhaft a koumen a Prisongen oder Konzentratiounslager. 800 hunn dës Tortur leider net iwwerlieft”, sou eng vun de Schülerinnen.

Déi International Uerdnung, wéi se nom Zweete Weltkrich opgebaut gouf, gëtt haut a Fro gestallt.

“Nous devons donc nous battre ensemble. Pour que ce qui s’est passé durant la Deuxième Guerre mondiale, avec les énormes atrocités, avec les nombreuses victimes, avec, oui, des choses que nous ne pouvons même pas nous imaginer ne puissent jamais se reproduire. Et néanmoins, il se produit tous les jours”, sou de Premier Luc Frieden um Ament, wou hie sech un d’Vertrieder vun anere Staaten adresséiert huet.

De Premier huet hei kloer d’Kricher ugeschwat, an der Ukrain, am Iran, am Noen Osten a soss an der Welt. Awer och d’Situatioun bannen der Europäescher Unioun, wou a verschiddene Länner extrem Haltungen alles a Fro stelle géifen, wat ons Virfaren opgebaut hunn: Fridde, Fräiheet a Wuelstand.

Back to Top
CIM LOGO