Nei Haaptroll fir de gudden ZweckTommy Schlesser gëtt Coordinateur vum Télévie

Jeff Spielmann
De Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser iwwerhëlt eng nei Roll – an dës Kéier net just virun der Kamera. Hie gouf en Dënschdeg als neie Coordinateur vum Télévie virgestallt a wäert sech an Zukunft mat voller Energie fir déi grouss Solidaritéitsaktioun asetzen.
Tommy Schlesser gëtt Coordinateur vum Télévie
De Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser iwwerhëlt eng nei Roll – an dës Kéier net just virun der Kamera.

Den Tommy Schlesser ass zënter Jore bekannt aus ville lëtzebuergeschen an internationale Film- a Serië-Produktiounen. Nieft senger Carrière als Schauspiller ass hien awer och schonn zënter 2013 en treie Bestanddeel vum Télévie. Quasi all Joers huet een hie schonn um Télévie-Spendentelefon gesinn. Elo iwwerhëlt hien d'Haaptverantwortung fir d'Koordinatioun vum Télévie.

"Den Télévie ass eng richteg Häerzenssaach fir mech. Ech freeë mech immens op dës nei Aufgab a wëll meng ganz Energie asetzen, fir zesumme mat de ville Benevollen, Organisateuren a Partner weiderhin esou vill Spendegelder wéi méiglech fir d'Kriibs- a Leukemiefuerschung ze sammelen", esou den Tommy Schlesser.

Als Papp vun zwee Meedercher läit him d'Solidaritéit besonnesch um Häerz. Hie wëll d'Leit am ganze Land motivéieren, sech och an Zukunft fir de gudden Zweck anzesetzen.
Den Tommy Schlesser trëtt domat d'Nofolleg vun der laangjäreger Coordinatrice Diane Wunsch un, déi den Télévie iwwer vill Jore mat groussem Engagement gepräägt huet.
Als neie Coordinateur wäert hien d'Evenementer iwwer dat ganzt Joer begleeden an organiséieren. Den Héichpunkt bleift de groussen Télévie-Ofschloss, deen d'nächst Joer de 17. Abrëll 2027 ass.

Seng Passioun fir de Film gëtt den Tommy Schlesser awer net op. Nieft senger neier Missioun beim Télévie wäert hie weiderhin als Schauspiller virun der Kamera stoen.
Och d'Fondatioun Kiwanis, mat där RTL all Joers den Télévie op d’Bee stellt, begréisst dës personell Verstäerkung. D'Presidentin Nathalie Frisch weist sech ganz zefridden: "D'Aufgabe ronderëm den Télévie sinn an de leschte Jore staark gewuess – sief et am finanzielle Beräich oder an der administrativer Gestioun. Mir si ganz frou, mam Tommy Schlesser eng engagéiert Perséinlechkeet fonnt ze hunn, déi de Projet mat vill Motivatioun weiderdréit."

Gläichzäiteg gëtt och d'Team ausgebaut. D'Aurore Dulieu wäert an Zukunft virun allem déi administrativ Organisatioun iwwerhuelen an domat de Koordinator an d'Fondation Kiwanis am Alldag entlaaschten.

Mat dëser neier Opstellung wëll den Télévie och an de kommende Jore seng Missioun weiderféieren: zesumme mat de Fuerscher an Dokteren, Dausende Benevollen a Spenderinnen a Spender, weiderhin e wichtege Bäitrag fir d'Fuerschung géint Kriibs a Leukemie ze leeschten.

Back to Top
CIM LOGO