CGDIS-Bulletin8 Asätz wéinst Bränn e Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Bei deem dréchene Wieder aktuell goufen Rettungsdéngschter vum CGDIS vun e Méindeg den Owend op en Dënschdeg de Moie fréi aacht Mol geruff, well et gebrannt huet.
© Laurent Weber

Dem CGDIS-Bulletin no gouf et kuerz no 17 Auer en Asaz fir d'Stater Pompjeeën an der Avenue Jean-Pierre Pescatore an der Uewerstad. Hei hat eng Heck gebrannt.

Zu Esch an der Rue Henri Dunant hat eng hallef Stonn drop Dreck Feier gefaangen. D'Pompjeeë vun Esch waren hei op der Plaz.

Kuerz no 18:30 Auer koum et zu engem Brand an enger Sauna zu Stroossen an der Rue des Thermes. D'Feier gouf vun de Pompjeeë vu Bartreng an de Pompjeeë vu Mamer geläscht.

Fir d'Pompjeeë vu Käerjeng a vu Péiteng gouf et géint 19 Auer en Asaz zu Nidderkäerjeng am Bësch Schéckelscheier.

Zu Elleng an der Zone d’Activités Économiques Le Triangle Vert hat iwwerdeem nach géint 19:17 Auer e Blummebac gebrannt. D'Pompjeeë vu Mondorf waren hei am Asaz.

D'Pompjeeë vum Zenter Suessem-Déifferdeng goufen iwwerdeem zwee Mol geruff, well Dreck gebrannt hat. Dat eng Kéier kuerz virun 20 Auer zu Nidderkuer an der Route de Petange an eng Kéier zu Uewerkuer an der Rue Pierre Martin.

An och zu Nidderkäerjeng an der Rue des Près war kuerz no Mëtternuecht Dreck a Brand geroden. Hei waren nach emol d'Pompjeeë vu Käerjeng um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO