
Et geet jo ëm eng méiglech Pollutioun duerch Schwéiermetaller, dat duerch e Schantjen no bei enger fréierer Decharge. Déi Lénk Stad kritiséieren elo ënnert anerem, datt den Ëmweltministère deementspriechend Analyse vum Grondwaasser deels net géif consideréieren.
Trotz Traitement géif och nach ëmmer eng gewësse Pollutioun bestoe bleiwen. Inakzeptabel wier och, datt d'Stad d'Responsabilitéit ëmmer nees bei de Ministère géif drécken.
Wéinst dësen an nach weidere Kritikpunkte fuerderen déi Lénk, datt de Chantier gestoppt, de Site nom Prinzip vum Pollueur-Payeur sanéiert gëtt an datt weider Analyse gemaach ginn, ier iergendwellech Bauprojeten op den Terraine realiséiert ginn.