Chile ass zanter der leschter Woch vun aussergewéinlech staarkem Ree betraff. Virun allem an de soss dréchene Regioune Coquimbo an Atacama huet et esou vill an intensiv gereent, wéi zanter Joerzéngten net méi.
Dës Onwiederen hunn dozou gefouert, datt de President Jose Antonio Kast den Noutstand ausgeruff huet, fir d'Autoritéiten an d'Arméi kënnen an d'Katastropheregiounen ze schécken. Op enger Pressekonferenz gouf e Méindeg och matgedeelt, datt op d'mannst 10 Persoune gestuerwen, 17 blesséiert an nach véier weiderer vermësst ginn.
Zousätzlech goufen iwwer 1.100 Wunnhaiser ganz oder schwéier beschiedegt.
Déi staark iwwerfëllte Flëss hunn den Zougang zu ville Stroosse blockéiert a ganz Dierfer ofgeschnidden. Bulli a Reen hunn och zu Stroumausfäll a Problemer bei der Drénkwaasserversuergung gefouert.
Wéi et aus dem Inneministère heescht, wier op Plazen an enger Stonn esou vill Ree gefall, wéi soss an engem ganze Mount. Och den nationale Wiederdéngscht bestätegt, datt et zanter 20 Joer net méi esou vill gereent hätt.