Den Norden ass wäissAm Éislek leien e puer Zentimeter

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien huet et, wéi ugekënnegt, geschneit. Op deenen enge Plaze méi, op deenen anere manner. Am Éislek louch eng gutt wäiss Couche.

E Sonndeg am Laf vum Nomëtteg huet et am Éislek scho plazeweis ugefaange gehat ze schneien - dat awer virun allem op de Koppen. An den Däller ass just Schnéireen erofkomm.

Bis e Méindeg den Owend 23.30 Auer huet Meteolux weidere Schnéi an Aussiicht gestallt: am Süde bis 4, am Norde bis zu 10 Zentimeter.

An déi leien do och plazeweis, op alle Fall louche se do um Méindeg de Moien.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.FOTOEN: Dir wëllt eis eng Foto schécken? Hei kënnt Dir dat maachen!

Déi weider Aussiichten: Den Dënschdeg ass et gréisstendeels dréchen bei 1-4 Grad an de Mëttwoch dann nees liichte Schnéi.

VIDEO: Zu Housen huet et zerguttst geschneit
Vun e Sonndeg op e Méindeg ass am Éislek den ugekënnegte Schnéi erofkomm. Am Laf vum Méindeg soll et nach weider schneien.

FOTOGALERIE: Impressiounen aus dem Éislek (28.1.19)
METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.
TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.

Back to Top
CIM LOGO