Vill Accidenter uechter d'Land an eng Partie BrännAm Laf vun de leschte Stonne goufe 5 Leit bei Accidenter op eise Stroosse blesséiert

Andy Brücker
Zweemol goufe Cycliste vun Autoen ugestouss. Plazeweis sinn och Bränn ausgebrach.
© Laurent Weber

D'Hëtzt schéint och en Afloss op d'Konzentratioun am Trafic ze hunn, well et goufen nawell eng ganz Partie Accidenter gemellt.

Zu Weiler bei Pëtschent ass géint 11:20 Auer e Cyclist an der Route de Wahlhausen vun engem Auto ugestouss ginn. Hei huet de SAMU mussen an den Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Pëtschent an eng Ambulanz vun Housen.

Kuerz virun 11:40 Auer sinn zu Bartreng an der Lonkecher Strooss zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Pompjeeë vu Mamer a Bartreng waren am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad.

En Accident gouf et géint 12:40 Auer op der A4 Richtung Stad, méi genee op der Héicht vu Lalleng. Eng Persoun ass blesséiert ginn. D'Pompjeeë vu Monnerech, Schëffleng a Suessem-Déifferdeng goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi eng Ambulanz vun Esch.

E weidere Cyclist gouf da vun engem Auto ëmgefuer, déi Kéier awer zu Monnerech an der Groussgaass. Eng Persoun gouf verwonnt an d'Pompjeeë vu Monnerech, respektiv d'Ambulanz vu Schëffleng hu sech ëm d'Affer gekëmmert.

En Accident op der A1 hat da fir gréisser Perturbatiounen a Stau gesuergt, dat kuerz viru 14 Auer. Blesséiert gouf hei keen, wéi de CGDIS schreift.

Géint 16:35 Auer sinn op der A3 Richtung Metz, tëscht Léiweng a Beetebuerg en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vu Beetebuerg a Réiser waren am Asaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Beetebuerg.

Läschaarbechten

Duerch déi héich Temperaturen an der Tatsaach, dass et scho laang net méi gereent huet, klëmmt natierlech och de Brandrisiko.

An der Mëttesstonn haten d'Pompjeeë vun Duelem a Fréiseng et mat engem Vegetatiounsbrand tëscht Fëlschdref an Uespelt ze dinn.

Kuerz viru 14:30 Auer huet zu Esch (Porte de France) eng Poubelle gebrannt. D'Pompjeeë vun Esch hu sech ëm d'Läschaarbechte gekëmmert.

Zu Beefort an der Cité Birkbour hunn direkt dräi Pompjeescorpsen mussen an den Asaz, well hei den Daach vun engem Gebai gebrannt huet. D'Zentere vu Beefort, Konsdref a Reisduerf waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz aus der Fiels.

Back to Top
CIM LOGO