
Et wär vun enger „Atteinte à la propriété individuelle" rieds gewiescht, wat e ganz substanzielle Reproche un d'Adress vum Legislateur wär. Dat sot de Laurent Mosar vun der CSV e Mëttwoch no enger Reunioun vun der Chamberkommissioun vun der Justiz, an där sech mam Waffegesetz befaasst gouf.
Zum initiale Gesetztext vum Félix Braz hätt deem seng Nofollgerin Sam Tanson 75 Amendementer oder 137 Säiten amendéierten Text presentéiert, huet de Roy Reding vun der adr erkläert. Et wären nach e puer Kommissiounssëtzungen néideg a wär de Vott vum Projet de loi am Parlament wuel kaum fir virun der grousser Vakanz.
Fir de Laurent Mosar gouf d'Waffegesetz quasi nei geschriwwen. Bei mat deem wichtegsten Amendement, deen d'Waffesammler betrëfft, gouf dem CSV-Deputéierten no „quasiment à la lettre eisen Amendement iwwerholl, d.h. do krute mer op der ganzer Linn Recht!"
D'Stoussrichtung vum neien Text wär dann och déi richteg, woubäi „dat doten hätt ee sech alles kënnen erspueren, wa vun Ufank un en anstännege Projet de loi do op den Instanzewee geschéckt gi wär!"
Dann hätt ee vläicht elo schonn e Gesetz, sou de Laurent Mosar, deen nawell näischt iwwert de Knéi brieche wëll. An zwou Woche kéint an der Kommissioun iwwert d'Amendemente vum Sam Tanson ofgestëmmt ginn, de Vott an der Chamber wär iwwerdeems nach net fir muer.
An den Ae vum Roy Reding war sech d'Ministesch dem politesche Sprengstoff vun deem Gesetz bewosst, "wat eng flott Expressioun ass bei engem Waffegesetz!"Och den adr-Vertrieder huet drop higewisen, dass de Staatsrot am 1. Text vun enger „Atteinte à la propriété individuelle" geschwat hat. Dass Waffe sollten ofgeholl an zerstéiert ginn, wär souwäit vum Dësch, genee wéi d'Nuetstransportverbuet:
„Dat war jo eng ganz besonnesch absurd Dispositioun, déi et ganz schwéier gemaach huet, zum Beispill fir Jeeër am Grenzgebitt, déi owes wëllen heemfueren. Déi wären direkt an der Illegalitéit gewiescht!"
Och wann ënnert den Amendementer därer wären, déi hie blannemännches ënnerschreiwe kéint, wéilt och hie sech net hetze loossen an näischt iwwert de Knéi briechen, seet de Roy Reding. Dësen héichtechneschen Text bräicht nämlech Zäit.
Och de Marc Goergen fënnt, dass d'Ministesch d'Gesetz quasi komplett opgemaach huet: „D'Fro ass eben elo: Geet et an déi Richtung, wou mir eis virgestallt hunn, dass et méi streng gëtt, oder geet et éischter an déi Richtung, wéi eng adr oder CSV wëll, dass et net ze streng soll ginn?"
Den Deputéierte vun der Piratepartei betount, dass et am neien Text zum Beispill méi labber géif gesi ginn, dass een nuets Waff transportéieren dierft. Dobäi gëtt et d'Beispill, „dass fréier d'Jeeër ronderëm gefuer sinn, dann an de Café, an da louch d'Waff am Auto. Do gouf et jo och scho Fäll, wou déi Waffen da geklaut gi sinn!"
Woubäi et awer prioritär wär, un den Noutstandsgesetzer ze schaffen, an net un deenen, déi een, wéi dëst, och am Hierscht behandele kéint, huet de Marc Goergen nach gemengt.