Wiesselt de PatronAmir Vesali verléisst d'LSAP a wiesselt als Mataarbechter an d'CSV-Fraktioun

Pierre Jans
Den Amir Vesali huet seng Kaart bei der LSAP ofginn, präziséiert awer net, ob hien och Member vun der CSV gëtt.

Den Amir Vesali wiesselt vun der LSAP als Mataarbechter an d’CSV-Fraktioun. Déi Info vum Radio 100,7 huet den fréiere Co-President vun de Jonke Sozialiste RTL géintiwwer confirméiert. Fir d’Sozialisten huet de Vesali an der Fraktioun als “Attaché parlementaire” geschafft.

Hie verléisst d‘LSAP. Ob hien eng CSV-Parteikaart hëlt, hätt hien zu dësem Ament nach net decidéiert, esou den Amir Vesali. Och eng Begrënnung fir de Wiessel huet hien nach net geäussert.

Eréischt viru kuerzem war de Jurist Member vum Collège am Centre pour l‘égalité de traitement ginn. D‘Chamber hat hien do eragewielt.

Back to Top
CIM LOGO