Weider Dissonanzen am SantéssecteurAMMD dréit eSanté no 10 Joer de Réck

Roy Grotz
Leschte Coup d'éclat ass, datt déi 2 AMMD-Memberen, déi am Conseil de Gérance vun E-Santé souzen, dëse Gremium mat Effet immédiat verlooss hunn.

Am Demissiouns-Bréif, deen RTL virläit, heescht et, datt déi lescht 10 Joer, déi E-Santé besteet, den Doktesch-Corps net anstänneg consideréiert a mat agebonne gi wier. All Initiativen, fir d’Digitalisatioun bannent der Santé, weider ze dreiwen, wiere souguer sabotéiert ginn.

Ewell viru 4 Joer hätt d’AMMD denoncéiert, datt 23.000 digital Patienten-Dossieren illegal opgemaach gi wieren, woufir et och e “Blâme” fir den Direkter vun E-Santé ginn hätt.

Eng digital Eegen-Initiative vun der AMMD, fir d’Patientendossieren ze geréieren (DHN) wier boykottéiert ginn, d’aktuell Santéspolitik kritt d’rout Kaart gewisen, well se “réckstänneg an ineffikass” wier an net den Interesse vum Patient géif déngen.

D’Agence E-Santé huet an den Ae vun der AMMD all Kredit verspillt, se wier absolut net pragmatesch net an net op der Héicht vun hiren Aufgaben.

Duerfir och d’Demissioun vun den zwéin AMMD-Memberen am ieweschte Gremium vun E-Santé, dee vum Christian Oberlé presidéiert gëtt an an deem u sech 15 Leit siegéieren.

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an Gusty Graas wëllen an enger urgenter parlamentarescher Fro vun den zoustännegen LSAP-Ministeren Lenert an Haagen wëssen, wat d’Repercussioune vun dësen Demissiounen op de Fonctionnement vun der Agence E-Santé hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht gëtt, fir déi hefteg Onstëmmegkeeten ze behiewen.

Back to Top
CIM LOGO