Viru chinesescher AmbassadeAmnesty-Solidaritéitsaktioun fir d'chinesesch Aktivistin Zhang Zhan

Claudia Kollwelter
Petz Bartz
Virun der chineesescher Ambassade war en Dënschdeg eng Solidaritéitsaktioun fir d'chinesesch Aktivistin Zhang Zhan.
Amnesty-Solidaritéitsaktioun fir Aktivistin Zhang Zhan
Virun der chineesescher Ambassade war en Dënschdeg eng Solidaritéitsaktioun fir d’chinesesch Aktivistin Zhang Zhan.

Eng Aktioun, déi vun Amnesty International Lëtzebuerg organiséiert gouf, allerdéngs net ugemellt war.

Free Zhang Zhan/Reportage Claudia Kollwelter

Viru bal 2 Joer gouf déi chinesesch Bloggerin an Aktivistin Zhang Zhan festgeholl an dono zu 4 Joer Prisong verurteelt, well se op de soziale Medien iwwert den Ëmgang a China mat der Corona-Pandemie geschriwwen huet.

Et ass eng Journalistin, déi einfach hir Meenungsfräiheet genotzt huet a gesot huet, wat zu Wuhan geschitt ass Ufank 2020. An aus deem Grond ass se zanterhier am Prisong an an engem kritesche gesondheetlechen Zoustand.”, esou den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg Olivier Pirot.

D’Mënscherechtsorganisatioun huet am Kader vun hirer Campagne “Write for Rights” - also iwwersat “Schreiwe fir Rechter” net manner wéi 1.300 Bréiwer gesammelt a wollt dës eigentlech der chinesescher Ambassadrice zu Dummeldeng iwwerreechen. “Mir haten e puermol Kontakt iwwer Bréiwer an Telefon ouni positiv Äntwert vun der Ambassade, awer och ouni Aggressivitéit. Mä mir wollten awer d’Stëmme vun deenen 1.300 Bierger, déi sech Suergen ëm de Fall vum Zhang Zhan maachen, net einfach ignoréieren.

A Form vu Pabeierfligeren hunn déi 12 Persoune vun Amnesty d’Bréiwer dunn duerch d’Gitter vun der Ambassade geworf. Nieft dem Fall Zhang Zhan géifen et nach vill aner Mënscherechtsverletzungen a China ginn, betount den Olivier Pirot.

Et gi Milliounen Exekutiounen, dann och zeg Verletzunge vun der Meenungsfräiheet an dann och d’Folter géintiwwer Populatiounen a méi klenge chinesesche Regiounen. Et sinn Dausende vu Leit a China vun de Mënscherechtsverletzunge betraff.

D’Aktioun virun der Ambassade zu Dummeldeng war eng ganz roueg a kuerz, déi am Fong och schonn eriwwer war, wéi d’Sireene vun der Police op eemol ze héiere waren. D’Beamten, déi mat net manner wéi 6 Policeautoen op Dummeldeng komm sinn, hunn den Direkter vun Amnesty wéinst der Aktioun verbaliséiert.

Mam Bléck op déi aktuell Olympesch Spiller a China betount den Direkter vun Amnesty, datt een d’Aen net dierf zoumaache virun de Mënscherechtsverletzungen am Land a mécht en Appell un de Grand-Duc.

Vu datt mer e Representant vu Lëtzebuerg sur Place hunn, dee jo och Member vum IOC ass, incitéieren ech en, all Moment, deen e kann, ze notzen, fir an den Diskussioune mat den chineseschen Autoritéiten hinnen ze soen a wéi wäit Lëtzebuerg a seng Bierger sech Suerge maachen iwwert d’Mënscherechter generell a China a wisou net och méi spezifesch iwwert de Fall vum Zhang Zhan.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO