Bloalgen entdecktAn de Baggerweieren zu Rëmerschen dierf ee bis op Weideres net schwammen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Waasserwirtschaftsamt e Freideg am Nomëtteg matdeelt, wäert et iwwert déi nächst Zäit keng Ofkillung an de Baggerweieren zu Rëmerschen ginn.

Am Kader vu reegelméissegen Analyse wieren an de Baggerweieren eng grouss Unzuel u Cyanobakterie fonnt ginn, déi besser als “Bloalgen” bekannt sinn. Wéinst de gesondheetleche Risiken, déi duerch dës Bakterien entstoe kënnen, ass d’Schwammen an de Baggerweiere bis op Weideres verbueden.

Cyanobakterie kënne fir Mënschen, Hausdéieren a Waasserdéiere geféierlech ginn. D’Symptomer gi vu Kappwéi an Hautirritatiounen, bis Iwwelzegkeet. Et soll een Hënn an aner Hausdéieren net aus betraffene Gewässer drénke loossen a selwer all Kontakt mam Waasser evitéieren.

Och fëschen an deem Waasser sollt ee besser si loossen. Net just sollt een all Kontakt mat de Fësch evitéieren, et sollt een se och net consomméieren, wéi d’Waasserwirtschaftsamt matdeelt.

An den anere gréissere Séien am Land - wéi Wäiswampech, dem Stauséi an dem Iechternacher Séi - dierf een den Ament nach schwammen, heescht et am Communiqué.

© AGE

PDF: Baggerweieren

Back to Top
CIM LOGO