Hei kucke mer nach eng Kéier op de Social-Media-Verbuet, well dee gëtt och a Frankräich diskutéiert. Hei huet d’Assemblée Nationale schonn an enger éischter Phas den O.K. ginn. Dat géif heeschen, datt an Zukunft Jonker ënner 15 Joer Plattformen ewéi TikTok oder Snapchat net méi benotzen dierften. A mir ginn eriwwer op Sizilien, wou et zu engem Äerdrutsch koum. An da gëtt et och sportlech – de Leandro Barreiro kéint jo geschwënn dee Lëtzebuerger Fussballer mat de meeschten Asätz an der Champions League ginn.
An am Reportage duerno geet et ëm eise Casting fir nei Kannerreporter, do hate sech 40 Kanner gemellt, déi bei eis an de Studio invitéiert goufen. Mir hunn do hannert de Kulisse gefilmt, fir ze weisen, wat d’Kanner hei alles hu musse maachen, wat hir Aufgabe waren a mir hu si natierlech och gefrot, firwat si d’Kannaniuuss esou flott fannen a wat hinnen um Casting gefall huet. Op alle Fall kënne mir zwee nëmme betounen, wéi gutt si dat all gemaach hunn an dass et eis ganz schwéier gefall ass, wien da schlussendlech Kannerreporter soll ginn.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen