Um fréie Sonndeg de MoienAn der Hollerecher Strooss brutal zesummegeschloen a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Hollerecher Strooss an der Stad gouf um Sonndeg de Moie fréi géint 5.30 Auer eng Persoun, aus nach ongekläerte Grënn, brutal zesummegeschloen.
© RTL-Archiv

Direkt e puer Persounen hunn, wéi et schéngt, Fläschen op d'Affer geheit an op et ageschloen.

D'Täter konnten net direkt fonnt ginn, d'Enquête leeft.

D'Affer huet op Grond vu senge schwéiere Blessure missten hospitaliséiert ginn.

An engem Bistro an der Avenue de la Libération zu Schëffleng sinn an der Nuecht op e Sonndeg géint 3 Auer zwee Clienten uneneegeroden, eng drëtt Persoun déi di zwee auserneen hale wollt, gouf blesséiert. D'Affer huet missten an d'Spidol bruecht ginn an ambulant traitéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO