Wéinst der Corona-Pandemie ass d'Oktav jo dëst Joer digital, sou och d'Joermass fir de Grand-Duc Jean, déi d'groussherzoglech Famill an och de Grand Public via Livestream konnte suivéieren.
De Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet dës Mass gehalen an un e Staatschef erënnert, deem Lëtzebuerg vill ze verdanken hätt.
"E grousse Mann an eiser Geschicht, dee fir d'Identitéit, fir den Zesummenhalt vun alle Lëtzebuerger sou wichteg war an ass".
Besonnesch den Engagement am zweete Weltkrich, notamment wärend der Landung an der Normandie, wier Ausdrock vun der Suerg gewiescht, déi sech de Monarch ëmmer ëm säi Land gemaach hätt.
De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet awer net just un de Staatschef erënnert, mä och un de Familljemënsch, deen de Groussherzog Jean war.
"Wann hie vu senger Fra, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, geschwat huet, do ass nach ëmmer e Verléiftsinn eraus komm".
Eng Léift, déi natierlech och de Kanner an Enkelkanner gegollt hätt, vill Houfert a Freed hätt de Grand-Duc Jean empfonnt.
"De Grand-Duc Jean war e Mann deen trei war, trei senger Famill an trei sengem Land, a gudden an a schwéieren Zäiten".
En Donneschdeg de Moie gouf och fir déi ierfgroussherzoglech Koppel gebiet. Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie gi jo geschwënn Elteren.
RTL-NEWS: 23. Abrëll 2019 - Éischten Doudesdag vum Grand-Duc Jean
Oktav 2020 - LIVESTREAM aus der Kathedral
RTL-NEWS: D'Oktav gëtt dëst Joer online ofgehalen