Invité vun der Redaktioun (31. Januar)André Roeltgen iwwer Erwaardungen un dës an nächst Regierung

RTL Lëtzebuerg
Invité e Mëttwoch no 8 Auer war de President vum OGBL.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: André Roeltgen
Invité e Mëttwoch no 8 Auer war de President vum OGBL.

Am Sträit mat der Luxair Cargo geet et an d'Conciliatioun. D'Direktioun géif hiert Wuert net hale fir d'Carrièren, respektiv d'Léin unzepassen. Sou den OGBL-President Andre Roeltgen e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview, deen och vun enger Pervertéierung vum Aarbechtsrecht schwätzt.

Fir vu Streik ze schwätzen ass et awer nach ze fréi. Den André Roeltgen hofft, datt op der Conciliatioun eng Léisung fonnt gëtt.

Den OGBL-President huet och virun de Gefore vun der Digitalisatioun gewarnt a fuerdert nach vun dëser Regierung d'Ëmsetze vum Accord, datt Sozialleeschtunge periodesch un d'Akommes-Entwécklung ugepasst ginn, den allgemengen Tiers Payant beim Dokter an natierlech d'Hausse vum Mindestloun.

Op d'Diskussioune bannent der LSAP ugeschwat , do sot den OGBL-President nach, datt hie sech allgemeng Suerge mécht, wa Parteien, déi fir soziale Fortschrëtt stinn, duerch intern Diskussioune geschwächt géifen.

Invité e Mëttwoch no 8 Auer war de President vum OGBL.

VIDEO: Nationalrot OGBL - Sozialleeschtunge verbesseren

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO