
En Dënschdeg op Neijoerschdag ass Feierdag, do kënnt deemno och keng Zeitung. Normal leeft dann alles nees vun e Mëttwoch un.
Op Silvester fuere Bussen an Zich déi ganz Nuecht duerch. Och den Tram fiert ouni Ënnerbriechung. Speziell Zich ginn et am Stonnentakt uechter d'Land. D'Stater Buslinnen zirkuléiere bis 5.30 Auer moies. De Call-a-Bus Service geet bis 5 Auer. A fir Nuetsbusse vun anere Gemenge muss een sech bei der respektiver Gemeng informéieren.
Wann een am Pafendall oder am Gronn wëllt an d'neit Joer feieren, kann een och d'ganz Nuecht laang vun den zwee Lifter profitéieren. All Infoen iwwert den ëffentlechen Transport an der Stad kann een nach eng Kéier op sylvestre.vdl.lu noliesen.
Vun den CFL ass et dann d'Informatioun, datt d'Zich op Silvester bis Mëtternuecht fueren. An der Nuecht op den éischte Januar dann zirkuléiere Spezialsaach, datt op de Linnen Ëlwen-Rodange (via Esch), Waasserbëlleg Rodange (via Dippech) a Lëtzebuerg Klengbetten. Tëscht Mëtternuecht a 6 Auer fueren op dëse Linnen all Stonn een Zuch an all Direktioun. Fir de Recht garantéieren d'CFL, datt op Neijoerschdag d'Zich dem Programm vun de Feierdeeg no fueren, dat vun 8 Auer un. Weider Detailer ginn et um Site vun den CFL.
Busser vum Tice fueren dann op Silvester hirem normale Programm no, dat och mam Nuetsservice. Den 1. Januar fiert een den Horaire vun de Feierdeeg no. Weider Detailer op Tice.lu.
Fir all déi aner Regioune ginn an der Nuecht op den 1. Januar Nuetsbusser oder spezial Navetten agesat. D'Busser vum RGTR fueren da vun 8 Auer un nees den annoncéierte Programm.
All d'Detailer am Iwwerbléck fannt dir um Site vun der Mobilitéitszentral.
Wien dann éischter op den Taxi zeréckgräife wëll, muss domadder rechnen, um 1. Januar e Feierdagstarif mussen ze bezuelen, deen e Stéck méi héich ass, wéi dat op normale Wochendeeg de Fall ass. Dobäi kënnt a ville Fäll och nach den Nuetstarif, deen tëscht 22 Auer a 6 Auer gëllt. Hei gëllt et, sech am Virfeld bei der Entreprise oder dem Chauffer selwer z'informéieren.
Bis Hallefnuecht an de Joreswiessel ass et fir eis jo nach e Stéck, ma aner Länner oder Stied feieren do schonns laang virun eis.
Déi éischt déi 2019 wäerte begréissen, sinn d’Leit op Samoa an op de Chrëschtdagsinselen am Pazifik. Si rutsche schonns um 11 Auer de Moien eiser Zäit an dat neit Joer eran. Um 14 Auer ass et dann u Sydney, um 16 Auer un Tokyo.
Den Owend um 18 Auer u Bangkok, um 21 Auer gëtt zu Dubai gefeiert, um 22 Auer zu Moskau, an dann 2 Stonne drop eben och bei eis.
Déi Lescht, déi de Kalenner musse wiesselen, sinn d’Leit op Baker-Island, enger Inselgrupp vun den USA, déi eréischt en Dënschdeg de Mëtteg um 13 Auer 2019 feieren.
RTL.lu iwwerdréit dann och eng ganz Partie Freedefeieren uechter d'Welt, ugefaange mat Sydney um 14 Auer.
Livestream vu Freedefeieren uechter d'ganz WeltArtikel: Freedefeier op ville Plazen am Land verbueden