Zwee Gesetzesprojeten an der Chamber ugehollAarbechtskonditiounen an der Arméi gi verbessert

Fanny Kinsch
D'Aarbechtskonditiounen an der Arméi gi verbessert - en Donneschdeg de Moie gouf et an der Chamber unanime gréng Luucht fir 2 entspriechend Gesetzesprojeten.
Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi wärend der Mäertesfeier den 11. November 2025
© Armée luxembourgeoise

Et misst een dës am geopolitesche Kontext gesinn, esou den DP-Rapporter vun de Gesetzer a Spriecher fir seng Partei Marc Hansen, mat 2 Kricher ganz no bäi an Nato-Engagementer, déi mussen eropgoen. De Recrutement bei der Arméi géing domat méi einfach ginn. Et géing ee vun Attraktivitéit schwätzen, dat Wuert géing him awer an deem Kontext net wierklech gefalen. Et dierft een d’Diskussioun net banaliséieren, esou de Marc Hansen.

“Mir solle mat der néideger Beduechtheet heiriwwer schwätzen, well in fine geet et awer drëm, dass de Worst Scenario preparéiert gëtt. Den Eeschtfall, an dat ass nun emol leider bei der Arméi de Krich. A mir wëssen alleguerten, dass dat mat vill Misär verbonnen ass. A mir gesinn och elo grad an der Welt, dass all Dag Zaldoten hiert Liewe riskéieren a leider och verléieren. Dofir däerfe mer déi heite Gespréicher och net ze vill banaliséieren a mir mussen deen néidegen Equiliber fannen, wa mer iwwert déi Sujeten hei schwätzen.”

Engersäits ginn d’Indemnitéiten an d’Kompensatiounen erweidert, sou dass och déi fräiwëlleg Zaldoten dovunner profitéieren. D’Indemnitéiten a Kompensatioune ginn och erhéicht.

D’DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet d’Montante präziséiert: “Fir eng Woch Trainingsaktivitéit si fir d’Offizéischen an d’Offizéier 1.855 Euro Indemnitéit virgesinn, fir d’Zaldotinnen an d’Zaldoten, déi bis elo, wéi gesot, näischt kruten, sinn 1.048 Euro géintiwwer, wéi gesot, Null vun haut virgesinn.”

D’LSAP-Deputéiert Liz Braz huet kritiséiert, dass mat der Reform d’Arméi mat 2 Vitesse géing wuessen: “Déi nei Hausse vun den Indemnitéiten, déi gëtt net gläich verdeelt. D’Beruffsmilitär kritt eng Erhéijung vu 76,9% vun den Zoulagen. Fräiwëlleg Zaldoten, dat heescht dat operationellt Réckgrat vun eiser Arméi, géife mat knapps 45% honoréiert ginn.”
Donieft huet d’LSAP kritiséiert, datt d’Indemnitéiten net cotisabel a pensionabel sinn.

“D’Zaldote riskéieren nämlech, datt e weesentlechen Deel vun hirem Akommes net an d’Berechnung vun der Rent erakënnt. An op laang Siicht féiert dat zu Prekaritéit an der Pensioun.” D’LSAP huet zwou Ännerungen um Gesetzesprojet proposéiert, déi vum Recht vun der Oppositioun ënnerstëtzt, awer vun der Majoritéit verworf goufen.

Mam zweete Gesetz gëtt de Basissold vun de fräiwëllegen Zaldoten an d’Luucht gesat ëm 530 Euro, fir op den Niveau vum onqualifizéierte Mindestloun ze kommen. Och dëst gouf unanime ugeholl. Et géing hei awer just ëm eng Korrektur vun engem Mëssstand goen, déi seng Partei scho laang gefuerdert hätt, esou d’Kritik vum ADR-Deputéierten Tom Weidig:

“Wéi d’ADR et gefuerdert huet, war et net gutt. Haut, e puer Joer méi spéit, kënnt d’Regierung mat där selwechter Iddi a wëll dofir elo Applaus. Dat ass keng Visioun. Dat ass politeschen Opportunismus. Et ass am Fong op Niveau Spillschoul. Dir hutt et express net matgestëmmt, well mir mol eng Kéier eng gutt Iddi haten.”

Back to Top
CIM LOGO