Där Ännerung no dierfe männlech Flüchtlingen, déi eleng reesen a schonn den Dublin-Reglementer no an engem aneren EU-Land Asyl ugefrot hunn, net méi an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Dat géif géint d’Mënscherechter an international Engagementer verstoussen. Mam Resultat, datt méi Leit an de Stroosse lungeren.
“D’Konditioune méi komplizéiert ze maachen, fir en Hebergement, Logement, ze kréien, wäert d’Arrivée vu Leit, déi viru Verfolgung oder Konflikter flüchten, net bremsen. Just well zu Lëtzebuerg op eemol kee Logement do ass, heescht dat net, datt déi Leit op eemol einfach verschwannen.”, esou d’Marion Dubois, Directrice vun der ASBL Passerell, déi sech fir d’Rechter vu Refugiéen asetzt.
Et wier ee schockéiert, datt Asyldemandeuren elo wuertwiertlech op der Strooss landen, well si keng Plaz an engem Flüchtlingsheem kréien. A mat der neier Reglementatioun op enger Waardelëscht landen.
“Mir hu virun engem Joer gesinn, datt mam Krich an der Ukrain op eemol ganz vill Hebergement geschaaft gouf. Et waren zwar zum Deel Zelter oder ganz basesch Elementer. Déi haten awer en Existenzrecht. Et ass fir eis eng politesch Volontéit, déi hei matspillt. Wann ee Plaze wëll, da kann een der fannen. Dat hu mer gesinn.”
Virun allem waren d’Flüchtlingswellen aus de leschte Méint virausgesinn. Keng Iwwerraschung. Et hätt een also Zäit gehat, sech ze preparéieren.
“Andeems ee se weider prekariséiert, mécht een déi Leit méi vulnerabel. An dat huet Konsequenzen op hir Integratioun. Dat verlängert de ganze Prozess just.”
D’Ännerung vu leschter Woch géif géint déi europäesch Direktiv vum Accueil vu Flüchtlinge verstoussen, esou d’Marion Dubois. D’Associatioun begéint ëmmer méi jonk Männer, virop aus dem Sudan oder Eritrea, déi keng Plaz hätten, fir ënnerzekommen. Et géif een als Passerell driwwer nodenken, Recours géint dat neit Reglement anzeleeën.