
D'Gemeng Leideleng decidéiert jo an annerhallwer Woch – um Dag vun den Europawalen - an engem Referendum driwwer, fir de Walbezierk ze wiesselen, an zwar vum Süden an den Zentrum. Déi politesch Beweegung "Zesumme fir Leideleng" huet d'Geleeënheet genotzt, fir d'Diskussioun méi breet opzemaachen, ob mer allgemeng en anere Walsystem bräichten. Zum Beispill just ee Walbezierk oder d'Bezierker ajustéieren?
Politologe vun der Uni Lëtzebuerg hunn e Mëttwoch den Owend d'Problemer vun eisem Walsystem opgelëscht: D'Andeelung a Bezierker ass 100 Joer al, d'Sëtz pro Bezierk ginn op 1988 zréck. Et war ee sech och eens, datt am Lëtzebuerger Walsystem munches net méi kohärent ass, mä ännere gëtt schwiereg, weess de Soziolog Fernand Fehlen.
Déi Deputéiert, déi an der Chamber sëtzen, no engem gewësse System gewielt gi sinn. Déi wëssen natierlech, dass wann een eppes um System ännert, dann ännere sech och hir Chancen erëmgewielt ze ginn.
D'Proportioun vun Deputéierten no Walbezierker net méi den demographeschen Eckwäerter entspriechen. Den Zentrum huet 4 Deputéiert ze vill, wann ee vun der Zuel vun de Wieler ausgeet. Eng Ännerung kéint nëmme kommen, wann Drock vu baussen, vun de Wieler kënnt, mengt de Soziolog.
D'Bezierker un d'Populatioun upassen, dat wär nach vläicht am einfachsten ze realiséieren, mä och do deet sech näischt. D'Historikerin Simone Beck versteet dat net, déi Diskussioun ass schonn 100 Joer am Gaang. Wisou kritt een dat net an de Grëff? D'Leit si sech eens, dass d'Walbezierker musse reforméiert ginn, mä et geschitt näischt.
Verstoe wollten d'Politologe vun der Uni Lëtzebuerg d'Problemer vum Lëtzebuerger Walsystem an d'Preferenze vum Wieler. De Politolog Dan Schmit zitéiert déi lescht Ëmfroen, wou ee gesäit, dass d'Leit éischter zu engem Eenheetsbezierk tendéieren, awer och de Panachage wëlle bäibehalen.
Bal 70% vun de befrote Wieler hu sech an engem No-Wahl-Sondage fir een eenzege Walbezierk ausgeschwat. Et gi Propose wéi een de Walsystem kéint moderniséieren, mä kee politesche Wëllen aktuell dat unzegoen. Fir de Fernand Fehlen ass et kloer, datt d'Populatioun muss aktiv ginn: "Eng Ännerung entsteet nëmmen, wann en Drock vu baussen, en Drock vun de Wieler opgebaut gëtt."
Dat wär awer zimlech onwahrscheinlech, well et eng technesch Fro ass, déi d'Wieler sech normalerweis net stellen, sou nach de Soziolog.