LogementsproblematikAsyl accordéiert, an elo?

Monica Camposeo
D'Logementsproblematik ass hei am Land näischt Neies an zitt sech schonn zanter Joren. Virun allem de soziale Wunnmarché ass iwwerlaf.
© Monica Camposeo

D’Logementsproblematik betrëfft antëscht grouss Deeler vun der Populatioun. Weist sech awer op eng besonnesch dramatesch Aart a Weis bei deene Leit, déi am mannsten hunn. Esou zum Beispill bei Persounen, déi hei am Land déi International Protektioun, also Asyl, accordéiert kruten. Si hunn dann u sech déi nämmlecht Rechter wéi all déi aner Residenten am Land a kënnen aus den ëffentleche Foyeren, déi eng éischt Noutopnam bidden, auszéien. A ville Fäll stellt sech dann awer d’Fro: wouhin? De soziale Wunnmarché ass iwwerlaascht, dee private fir déi meescht finanziell guer net accessibel.

Bal d’Hallschent vun de Persounen, déi an engem ëffentleche Foyer wunnen, huet effektiv d’Protection Internationale schonn accordéiert kritt, heescht et vum Nationale Büro fir Opnam, dem ONA. Eng Situatioun, déi sech zanter der Pandemie nach verschlechtert huet.

Wann eng Persoun bis bénéficiaire de protection internationale ass, ass den ONA u sech net méi fir si zoustänneg. De LISKO, de Lëtzebuerger Integratiouns- a Sozialkohäsiounszenter, kann d’Betreiung dann iwwerhuelen. De LISKO gëtt vun der Croix-Rouge geréiert a gouf 2016 gegrënnt fir um soziale Plang bei der Integratioun ze hëllefen.

Déi gréissten Erausfuerderung wier awer de Logement, weess de Chargé vun der Direktioun, de Marc Josse. D’Sozialaarbechter hëllefen zum Beispill d’Dossieren zesummen ze stellen a gi Rotschléi, fir d’Virstellung beim Proprietär. A verschidde Fäll, an dat net nëmmen bei Refugiéen, kann de LISKO als Garant fungéieren. Wann dat um private Marché awer net hëlleft, wieren de Sozialaarbechter d’Hänn gebonnen, well et einfach net genuch Sozial-Wunnenge gëtt.

Eng weider Pist kënnen d’Gemenge sinn, ma och hei wier d’Demande fir den abordabele Logement enorm, natierlech net nëmme vu Refugiéen. Beim Office Social vun der Stad Lëtzebuerg zum Beispill sinn iwwer 600 Leit ugemellt fir eng Sozial-Wunneng ze kréien, sot eis de Sozialschäffen vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer. Den Ament huet d’Stad eng 750 Sozialwunnengen disponibel. Hei ginn et awer Krittären, wéi d’Unzuel vun den Zëmmer pro Persoun, déi musse respektéiert ginn.

Déi verschidden Acteure géingen awer zesummeschaffen, esou nach de Maurice Bauer, fir ze verhënneren, dass Leit aus dem Foyer eraus mussen, ouni eng aner Plaz ze hunn.

All dës Pisten huet d’Famill Mousa och schonn hannert sech. Si sinn mat hire Kanner dem Hassan, 15, dem Sabah, 13, an dem Mahmoud, 10, aus Syrien op Lëtzebuerg geflücht. D’Isabella ass dat jéngst Kand an huet 4 Joer. Si liewen zanter 6 Joer an engem Foyer vum ONA an der Stad, obwuel si scho laang hätte wëllen auszéien. Well den Hassan e schwéieren Handicap huet an am Rollstull ass, stellt sech d’Sich no enger Wunneng fir d’Famill nach méi schwéier eraus. Hie gëtt vun senger Mamm doheem gefleegt a muss reegelméisseg am Spidol behandelt ginn. Mee adaptéiert Sozial-Wunnengen si rar.

De Papp Ali Mousa ass Schneider a schafft zu Esch. Hie wier dankbar, dass him scho vill Leit bei der Sich no enger Wunneng gehollef hätte, betount hien am Gespréich. Dass säin Aarbechtskontrakt ëmmer vu Joer zu Joer verlängert gëtt, wier bis ewell awer um private Wunnmarché eng Barrière gewiescht.

D’Famill Mousa huet sech doropshin un d’Associatioun “Eng Zukunft zu Lëtzebuerg” adresséiert. Mee och si kënnen déi betraffe Leit op hirer Sich just begleeden an ënnerstëtzen.

D’Lamia Nadi ass Iwwersetzerin a Mataarbechterin vun “Eng Zukunft zu Lëtzebuerg” a kennt de Problem vum Logement gutt.

Et wier e strukturelle Problem aus deem en Däiwelskrees entsteet. Wann an de Foyers d’Accueil Leit sinn, déi u sech kéinten auszéien, kënne nämlech keng nei Leit, déi geflücht sinn, opgeholl ginn.

A Leit, déi hei am Land eng International Protektioun hunn, dierfen iwwregens net am Ausland ugemellt sinn.

D’Famill Mousa ass scho méi laang op der Waardelëscht vum Stater Office Social, deen fir si zoustänneg ass, doduerch dass si an engem Foyer an der Stad liewen. Och wann si wéilten, kënnen si sech net oder net esou einfach an enger anerer Gemeng mellen.

D’Lamia Nadi vun “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” gesäit änlech Fäll all Dag an hirer Aarbecht. “Et ass kee Schold, all Stell mécht säi Bescht”, betount si. Ma et géing ganz einfach u Kapazitéiten um Logementsmarché feelen.

Logementsproblematik - Asyl accordéiert, an elo? (Deel 1)

Logementsproblematik - Asyl accordéiert, an elo? (Deel 2)

Back to Top
CIM LOGO