
Wéi d’Sécurité alimentaire matgedeelt huet, gi bestëmmt Austeren zeréckgezunn, bei deenen eng méiglech Presenz vum Norovirus besteet.
Den Norovirus ka beim Mënsch Duerchfall an Iwwelzegkeet verursaachen. Symptomer kënnen 10 bis 50 Stonnen no der Consommatioun optrieden.
Déi concernéiert Produite goufe vum Cora tëscht dem 12. an dem 30. Dezember 2023 verkaf. E Verkaf an anere Geschäfter kann net ausgeschloss ginn.
