A13Auto a Flamen, kee blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moie géint 7.40 Auer huet op der A13 a Richtung Schengen op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz en Auto gebrannt.
Auto a Flamen op der A13
E Mëttwoch de Moie gouf et nawell en zolitte Stau, nodeems op der A13 a Richtung Schengen op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz en Auto gebrannt hat.

Déi riets Spuer war blockéiert. RTL-Informatiounen no ass et hei bei Materialschued bliwwen. Géint 8.45 Auer war d'Feier geläscht, ma déi riets an d'Pannespuer ware weider blockéiert.

Um 9.20 Auer koum vum CITA d'Meldung, d'Botzaarbechte wieren eriwwer an de Stau géif sech lues awer sécher opléisen.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Käl.

Back to Top
CIM LOGO