
Géint 20.50 Auer e Freideg den Owend ass an der Gäichel en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz virun 18 Auer hat zu Rouderssen an der Haaptstrooss den Daach vun engem Haus Feier gefaangen. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.
Da koum et nach e Samschdeg de Moie géint 3 Auer zu engem Brand an der Industriezon zu Mäerzeg. Hei hat eng industriell Maschinn Probleemer gemaach. Och hei ass et beim Materialschued bliwwen, et gouf kee Blesséierten.
An e Samschdeg de Moie si kuerz virun 8 Auer zwee Autoen op der A13 tëscht Keel a Biereng net laanschtenee komm. Hei gouf et dräi Blesséierter.