
Op er Streck tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen, um CR 314, ass eng Automobilistin an enger liichter Rietskéier an de Summerwee geroden. Wéi et heescht, soll et der Fra schlecht gi sinn. Den Auto huet sech kuerz drop gedréit an ass frontal géint e Bam gerannt, fir da schlussendlech op der Säit vum Bäifuerer leien ze bleiwen.
D'Fra hannert dem Steier war ageklemmt an huet misste vum CGDIS aus dem Auto erausgehollef kréien. Dono koum d'Persoun an d'Spidol. Éischten Informatiounen no gouf d'Fra net uerg blesséiert.
E Sonndeg de Mëtteg um 12.45 Auer koum et zu Elweng an der rue d'Ellange zu engem Accident, bei deem a Motosfuerer liicht blesséiert gouf. En Automobilist, deem dem Motosfuerer entgéintkoum, huet de Motocyclist net gesinn, sou dass et zum Zesummestouss koum.
Passante sinn dem Motosfuerer direkt zu Hëllef komm, deen, nodeems e gefall war, nach e puer Meter weider gerutscht ass. Hie koum an d'Spidol.